Lyrics

Wat ass en Haus wou kee méi dra wunnt Wat ass eng Stad wou se all ausgezunn Wat ass schonn en Haus wa kee méi dra wunnt Wat ass eng Stad wou se all ausgezunn Wat ass e Pëtz ouni Waasser a Gronn E Kierchtuerm wou d'Klacken net lauden all Stonn Wat ass e Schëff ouni Steier am Stuerm An ouni Feier wat ass dann de Liichttuerm E Karussell wa keng Kanner do sinn Ass dat nach e Wee, dee féiert néierens hinn Bonjour an Awuer, ech muss mech vu mir trennen Mäin Numm ass just e Wuert mat deem dir mech wëllt vernennen Dee Mënsch deen ech mol wor ass am gaange fort ze rennen Dir braucht och net ze maachen wéi wann der mech géift erkennen Bonjour an Awuer, ech muss mir selwer Äddi soen Ech muss ëmmer rëm fort an da bleiwen ech kuerz stoen Dann dréinen ech mech ëm fir de Wee zeréck ze goen Ma ech muss ëmmer méi wäit an och ëmmer vill méi laang goen Bonjour an Awuer, ech muss mech vu mir trennen Dir braucht awer nach net all meng Saachen ze verbrennen Bleift nach e bëssen hei och wann ech iech net gläich erkennen Well ech kommen heiansdo rëm an u wee soll ech mech da wennen Bonjour an Awuer, ech muss mir selwer Äddi soen Ech weess net ween ech sinn an ech kann dës Welt net verstoen Ma wee weess scho ween en ass, wee kann dat vu sech soen A wee ka vu sech soen dass en dës Welt ka verstoen Bonjour an Awuer Ech muss mech vu mir trennen Bonjour an Awuer Ech muss mech vu mir trennen Bonjour an Awuer Ech muss mech vu mir trennen Bonjour an Awuer Ech muss mech vu mir trennen Am Haus wou kee méi wunnt do ass Plaz méi wéi genuch An déi verloosse Stad kënnt d'Natur nees op Besuch An de Pëtz ouni Buedem ass an d'Onendlecht gewuess A wann d'Klacken net lauden vergeet d'Zäit méi lues An ee Schëff ouni Steier geet duer wou et wëllt An de Liichttuerm deen aus ass weist de Wee bei d'Stëllt Um Karussell ouni Kanner fueren déi Al lo drop An de Wee deen néierens féiert hällt och néierens op Am Haus wou kee méi wunnt do ass Plaz méi wéi genuch An déi verloosse Stad kënnt d'Natur nees op Besuch An de Pëtz ouni Buedem ass an d'Onendlecht gewuess A wann d'Klacken net lauden vergeet d'Zäit méi lues An ee Schëff ouni Steier geet duer wou et wëllt An de Liichttuerm deen aus ass weist de Wee bei d'Stëllt Um Karussell ouni Kanner fueren déi Al lo drop An de Wee deen néierens féiert hällt och néierens op Am Haus wou kee méi wunnt do ass Plaz méi wéi genuch An déi verloosse Stad kënnt d'Natur nees op Besuch An de Pëtz ouni Buedem ass an d'Onendlecht gewuess A wann d'Klacken net lauden vergeet d'Zäit méi lues An ee Schëff ouni Steier geet duer wou et wëllt An de Liichttuerm deen aus ass weist de Wee bei d'Stëllt Um Karussell ouni Kanner fueren déi Al lo drop An de Wee deen néierens féiert hällt och néierens op Bonjour an Awuer
Lyrics powered by www.musixmatch.com
instagramSharePathic_arrow_out